Chauffeur-Livreur (w/m/x)

Luxembourg Posted 3d Leaves the board in 4 days
ATS Keyword Match See which key terms from this posting your resume already has. Free.
Schlussdatum01/11/2026

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelieren zu Betten, een Chauffeur-Livreur (w/m/x) fir een CDI 20 - 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



Responsabilitéiten


Als Member vun engem inklusiven Team sinn Är Missiounen :

Liwwerung an/oder Ofhuele vun de Wueren a Produkter vun der APEMH op virdéfinéierten Touren, am strikte Respekt vun de Sécherheets‑ an Hygièneprotokoller an Regelen.

Kontroll an den Ënnerhalt vum Gefier (Propretéit, Flëssegskeetsniveauen, Meldung vun Onreegelméissegkeeten) garantéieren




Obligatoresch Ufuerderungen

Dir sollt Folgendes als Viraussetzung matbréngen:



gutt Kenntnis vum lokale geographesche Secteur oder d'Fäegkeet, sech séier doranner z'orientéieren.

de Führerschäin Klass B an C hunn, de Besëtz vum Code 95 ass e Virdeel

Fäegkeet, selbststänneg ze schaffen an dobäi d'Tournéeën, d'Prozeduren an d'Auerzäiten anzehalen.

Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten hunn

Sënn fir Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Zesummenaarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

Pünktlechkeet, Gewëssenhaftigkeit, Zouverlässegkeet an d'Anhale vun Engagementer a Vertraulechkeet.

proppert a gepfleegt Optrieden an e gudde Clientsservice.

Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen an schreiwen kennen



Wënschenswäert Ufuerderungen


Beruffserfarung ass vu Virdeel.




Mir bidden


attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung